Noruf op de Louis Schmitz --- 24.10.1945 - 8.11.2018

← Retour aux articles de presse

8 nov. 2018

En Mémoire de Louis SCHMITZ  ---  D’Garnisounsmusek wuer eent vun deene villen kulturellen Engagementer vum Louis Schmitz. De LtCol René Schiltz (President vun der Garnisounsmusek vun 1994 – 2001) huet de Louis Schmitz 1998 a Kontakt mat der Garnisounsmusek bruecht, dëst am Kader vum 20. Anniversaire vun der Amicale Garnisounsmusek Dikrech. Als Enseignant um Härebierg an als ferventen Film-Amateur huet de Louis 1999 op Ufro vum LtCol Schiltz mat sengem Film-Club «Ciné-Caméra Dikrech» e Retro-Film iwwer d’Garnisounsmusek geméet. De Film hat e grousse Succès an ass mat enger Feier am Festsall um Härebierg presentéiert ginn. Nom Dout vum René Schiltz 2001, huet de Jos. Leyers als Comités-Member fir ee Joer den Interims-Posten vum President iwwerholl, fir dann 2002 dem Louis d’Presidentschaft offiziell ze iwwerginn. Mais de Louis huet och weiderhin nieft senger Presidentschaft seng villfälteg Talenter an den Déngscht vun der Organisatioun vun den Evenementer vun « senger » Garnisounsmusek gestallt. Esou huet hien an Zesummenaarbecht mam Col. hon. Michel Gretsch a Jos. Leyers fir de 25. Anniversaire 2004 eng speziell Broschür erausbruecht. Och soss huet de Louis vill Evenementer respektiv Concerts-en organiséiert. Dank senger enker Relatioun mat der Militärmusek hat d’Garnisounsmusek 2005 e Concert mat der Big Band vun der Militärmusek, 2007 an 2009 Concerten mat Schüler aus dem Conservatoire du Nord zesumme mat der Militärmusek, dat fir den Télévie an den 30. Anniversaire vun der Musek. 2014, fir den 35. Anniversaire haten haaptsächlech de Louis an seng Fra Irène et fäerdeg bruecht fir den Orchester „Das Original Die Egerländer Musikanten“ z’engagéieren, wat e grousse Succès war. 2015 haten de Louis an den Nico Castermans d’Sopranistin Claudia Moulin mat der Militärmusek fir en aussergewéinlechen Concert am Kinneksbond zu Mamer engagéiert. Zu gudder Lescht huet den Louis duerch seng exzellent Kontakter zu Dikrech et fäerdeg bruecht dat Garnisounsmusek elo e festen Bestanddeel vun den Festivitéiten vun « Al Dikrech » ass.

Donieft huet de Louis mam Nico Garson am Kader vun sengem Film-Hobby all Joer um Iessen no der Generalversammlung e Retro-Film iwwer d’Aktivitéiten vun deem Joer virdrun presentéiert. Op der Generalversammlung am Januar 2018 huet de Louis aus gesondheetleche Grënn säi Posten als President missten opginn, den 8. November 2018 huet hien säin laangjärege an daperen Kampf géint seng Krankheet dunn leider verluer.