Historique

1847 - Den Ufank

Aus der lëtzebuerger Militärgeschicht wësse mer, dat d'Origine vun der "Garnisounsmusek Dikrech" zréckgeet op dat lescht Joerhonnert, genee op d'Joer 1847 wéi beim deemolegen 2ten Jägerbatailloun vum sougenannte "Bundeskontingent" et och zu Dikrech ee „Corps de Musique“ gouf.

Deen éischte Chef vun där Musek war keen aaneren wéi den Jean-Antoine ZINNEN deen 1864 jo och de Compositeur war vun eiser Nationalhymn "Ons Heemecht" (Text vum Michel Lentz). 1868 - no dem Londoner Vertrag - goufen d'Bundeskontingent an och dat zweet Batailloun mat senger Musek opgeléist; d'Festung zu Lëtzebuerg gouf "geschläift".

Vun 1868 bis 1941 huet bei deem dun méi klènge Freiwëllege-Korps eleng nach "d'Militärmusek" bestaan mat nëmme professionelle Museker.

Um Enn vum zweete Weltkrich - 1944/45 - krut Lëtzebuerg - mat der Aféierong vum "service militaire obligatoire" - erëm eng nei, méi grouss Arméi. Traditionell gouf et an där och erëm en "zweet Batailloun" (2e bataillon d'infanterie) daat, vun 1945 bis 1955 an Däitschland, am Secteur vu Bitburg an am Kader vun den alliéierten Arméien, eng "Occupatiouns-Missioun" ze erfëllen haat.

1850 - Bitburg

Et war do wou, am August 1950, an der Bitburger Kasär d'Zaldotemusek, d'Musek vum 2te Batailloun, gegrënnt gouf. Den Driff dozou haaten e Kompaniechef, de Leitnant René Schiltz an de Militärmuseker Léon Tribou, Sergent-chef.

55 begeeschtert Zaldoten hun direkt matgemaach an di Joeren dono waren et der heiansdo souguer un honnert. Iwerall, souwuel an der Arméi wéi dobaussen, absëns doheem am Land, war "d'Zaldotemusek" ëmmer gär gesin.

1955 - Dikrech

Och no 1955, wéi eist Militär vu Bitburg definitiv fort op Dikrech an dee neie Camp Militaire verluegt gi war, gouf "d'Garnisounsmusek" séier reconstituéiert. Hir Compositioun huet wuel all Joer geännert awer Museker gouf et der am "Centre d'Instruction vun der Arméi" genuch. 1956 huet do de Sergent-chef Josy Comes (vun der Militärmusek) di musikalesch Directioun vum Léon Tribou iwwerholl.

Zou dem régelméissegen Optrëtt bei Militärparaden koumen fir d'Garnisounsmusek heefeg Engagementer dobaussen, bei zivile Manifestatiounen uechter d'Land derbei; och am Ausland huet sii geléentlech d'Arméi mat représentéiert.

Am Joer 1967, wéi eist Militärgesetz geännert, den obligatoreschen Militärdengscht ofgeschaaft an eis Arméi stark reduzéiert gouf, huet och d'Garnisounsmusek hir Effektiven verluer. No 17 Joer Existenz a grousser Activitéit gouf se opgeléist.

1979 - Amicale

Am Joer 1979 awer war si erëm do, wéi e Grupp vun "Anciens" d'Associatioun "Amicale Garnisounsmusek Dikrech" mat hirem fréiere Chef Josy Comes a mam Roger Hermes als President gegrënnt hunn. Méi wi achzeg fréier Memberen hu sech zesummefond a ware bereet fir régelméisseg u Prouwen a spezifesche Concertën a Sortien deelzehuelen. Daat as och elo - no méi wi 30 Joer Existenz - nach ëmmer de Fall.

1992, nom Doud vum Josy Comes, gouf d'Directioun vun engem "Ancien", dem Alfred Kayser iwwerholl a vun 2013 un huet de Serge Parisi de Staaf an der Hand. D'Musek huet de Moment eng 50 aktiv Memberen; ënnert hinnen sin och nach där vun der éischter Stonn. Hire President war de Lt. Colonel hon. René Schiltz, Grënner vun der Musek. No enger kurzer onbarmhärzeger Krankhét huet hien ons am spéide Summer 2001 fir ëmmer verlooss. Säin Nofolger, de Louis Schmitz, war President vu Januar 2002 bis 2018. Hien huet eis den 8.11.2018 verlooss, nodeem hien d´Presidentschaft scho virdrun dem Nico Castermans iwergin haat.

D'OOFZEECHEN (Insigne) vun der Garnisounsmusek as de Monogramm "CC" (fir Corps Charlotte) deen 1942 zu London vun der Lëtzebuerger Exilregierong agefouert an bis 1964 den offiziellen Insigne vun eiser Arméi war. Nom « JJ » as et haut den "H".

D'UNIFORM vun der Musek war ëmmer den englesche "Battle Dress" (mat khaki Berèt a gewäisstem Rimm) deen eis Arméisleit säit 1945 gedro hun; dobäi koum an de 60er Joeren eng hell "Summertenue".

1996 krut d'Garnisounsmusek eng nei Uniform; sii as donkel-gréng, eng traditionnell Faarw, déi schon 1847-1868 vum deemolege "Jägercorps" a senger 2. Bataillounsmusek zu Dikrech gedroe gouf.

2022 – d´Garnisounsmusek mat der Douane´s Musek

Nodeems d´Joer 2021 e schwieregt Joer war, d´Musek net méi konnt am Rollengergronn prouwen, en etlech Musikante verluer haat, huet eise Chef, de Chris Schleck mat e puer Musikante vu Sandweiler, déi e gudde Renfort waren, eis gehollef, di zwee läscht Optrëtter, beim hollännischen Ambassadeur a bei der Porte Ouverte um Härebierg, gutt iwert d´Bühn ze kréien. No engem éischten Zesummekommen vun eise Vertrieder mat deenen vun der Douane´s Musek, as entscheed gin, d´Prouwen, d´Concerten an aner Sortien als eng Eenheet ze spillen.Geprouwt gët Mëttwochs zu Märel am Sall vun der Douane´s Musek ënert der Leedung vum neien Dirigent, dem Thomas Graf.