← Retour à la galerie photos

Concert vum 30. Anniversär vun der Douane´s Musek

Zwee Ministeren mat Anhang, den Direkter vun der Douane an de President vun der Douane´s Musek - esouvill Prominenz op de Been: do muss eppes lass gewiescht sin Jo, ët war eppes lass: d´Douane´s Musek huet e Concert am Cercle gespillt fir hier 30 Joer ënert der Leedung vum Thomas Graf huet d´Musek mam Marsch "Arsenal" vum Jan Van der Roost de Concert ugefaang den Änder Friden, President vun der Douane´s Musek huet d´Éieregäscht begréißt an e kuerze Réckbléck op d´Musek gin mat voller Konzentratioun hun d´Musikanten de Programm ugebueden d´Mi Hee Lentz Pak huet daat südkoreanischt Vollekslidd "Arirang" gesong, begleet vun der Douane´s Musek ganz opmierksam huet de Publikum d´Opféierungen verfollegt d´Perkussioun, d´Trompetten, d´Trombonnen, d´Saxophonen, an esouguer d´Flütten ware voll derbäi d´Kim Scheiden huet "Lenas Song" vum Stefan Nilsson an "On the Sunny Side of the Street" vum Jimmy McHugh gesong ganz riets sëtzt ee mat enger friemer Uniform; jo, ët waren siewe Musikanten vun der Garnisounsmusek derbäi, déi sech ënert d´Kollege vun der Douane´s Musek gemëscht haten d´Amanda Steinhauer an de Charel Wanderscheid hun e Stéck gespillt, waat "Peas and Carrots" geheescht huet hier Prestatioun war zimlech lëschteg an as allgemeng gutt ukomm och de Leit an der éischter Reih huet ët gefall d´Amanda an de Charel si richteg Könner op hieren Instrumenter Fir di richteg franséisch Ambiance beim Potpourri "Paris Montmartre" huet den Tom Conrad mat séngem Akkordeon gesuergt ët kann net jiddereen e Solist sin, mee och am grousse Koup hun d´Musikanten hiert Bescht gin de President huet d´Madam Yuriko Backes zur Éierepresidentin vun der Douane´s Musek ernannt mat léiwe Wieder huet d´Madam Backes der Douane´s Musek Villmols Merci gesoot eisen neie Minister, den Här Gilles Roth, huet och e puer Wieder un de Publikum an un d´Musikante geriicht "James Last Golden Hits" gespillt vun der Douane´s Musek huet dem Publikum ganz gutt gefall duerch de Programm huet de Fernand Bartemes, Sekretär vun der Douane´s Musek gefouert, ënerstëtzt vum Änder Friden den Thomas Graf huet den zweeten Deel vum Concert mast senger "Jailhouse Big Band" gespillt eng flott Formatioun, déi gutt Musek gebueden huet als Ofschloss huet d´Douane´s Musek zesumme mat der Jailhouse Big Band "My Way" gespillt, gesong vum Misch Stimpfl daat war emol eng nei Zort Zougab fir ën dankbare Publikum