Haut de Mëtteg huet déi feierlech Assermentatioun vun 176 Kandidatinnen a Kandidaten aus de Groupes de traitement B1 an C1 vum Cadre policier um Site vun der Policeschoul um Findel stattfonnt.
A Presenz vum Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri KOX, dem Generaldirekter vun der Police Philippe SCHRANTZ a sëllegen Invitéen a Representante vun der Police, gouf déi éischt grouss Promotioun, déi aus dem Recrutement extraordinaire ervirgoung, vereedegt.
An den nächste Woche wäerten déi nei Polizistinnen a Polizisten op deene verschiddene Policekommissariater uechter d’Land a bei der Unité de garde et d’appui opérationnel hiren Déngscht untrieden.
Mir felicitéieren hinnen a freeën eis, se an der Police wëllkomm ze heeschen!
Den Encadrement vun der Feier gouf vun der Douane´s Musek mat de Kollege vun der Garnisounsmusek assüréiert.