No éischte Gespréicher mam Präsident André Friden a mam Sekretär Fernand Bartemes vun der Douane´s Musek si mir zu puer bei sie an d´Prouw gaang a konnten eisen éischten Optrett mat hinnen zesummen op hierer Matthäusfeier maan. De Programm vum Dag war deen hei: Dépôt vun enger Gerbe bei der Gëlle Fra, duerno mam Cortège an Kathedral wou eng Mass gehale gouf an däer mir ënert eisem neie Chef, dem Thomas Graf, e puer Stécker gespillt hun, du si mir op eng Receptioun op d´Gemeng gaang an uschléissend gung et op d´Iëssen an de Parc Hotel op Dummeldeng, wou den Direkter vun der Douane, den Alain Bellot, eis wëllkomm bei hinne geheescht huet.