|
Am Joer 1979 awer war si erëm do, wéi e Grupp vun "Anciens" d'Associatioun "Amicale Garnisounsmusek Dikrech" mat hirem fréiere Chef Josy Comes a mam Roger Hermes als President gegrënnt hunn.
Méi wi achzeg fréier Memberen hu sech zesummefond a ware bereet fir régelméisseg u Prouwen a spezifesche Concertën a Sortien deelzehuelen. Daat as och elo - no méi wi 30 Joer Existenz - nach ëmmer de Fall.
1992, nom Doud vum Josy Comes, gouf d'Directioun vun engem "Ancien", dem Alfred Kayser, fréiere Sous-chef, iwwerholl. D'Musek huet de Moment eng 60 aktiv Memberen; ënnert hinnen sin och nach där vun der éischter Stonn. Hire President war de Lt. Colonel hon. René Schiltz, Grënner vun der Musek. No enger kurzer onbarmhärzeger Krankhét huet hien ons am spéide Summer 2001 fir ëmmer verlooss. Säin Nofolger as vum Januar 2002 un den Louis Schmitz.
D'OOFZEECHEN (Insigne) vun der Garnisounsmusek as de Monogramm "CC" (fir Corps Charlotte) deen 1942 zu London vun der Lëtzebuerger Exilregierong agefouert an bis 1964 den offiziellen Insigne vun eiser Arméi war. Nom « JJ » as et haut den "H".
D'UNIFORM vun der Musek war ëmmer den englesche "Battle Dress" (mat khaki Berèt a gewäisstem Rimm) deen eis Arméisleit säit 1945 gedro hun; dobäi koum an de 60er Joeren eng hell "Summertenue".
1996 krut d'Garnisounsmusek eng nei Uniform; sii as donkel-gréng, eng traditionnell Faarw, déi schon 1847-1868 vum deemolege "Jägercorps" a senger 2. Bataillounsmusek zu Dikrech gedroe gouf.
D’Aktivitéiten vun der Amicale Garnisounsmusek Dikrech sinn haut villfälteg: niewt de Concert’en a verschiddenen Deeler vum Land, sou wéi am Ausland, stinn och e puer méi offiziell Manifestatiounen um Programm, wéi d’Participatioun un der „Marche de l’Armée“ zu Dikrech an zënter 2006 d’Participatioun um Défilé militaire um Nationalfeierdag.
|